⭐️⭐️⭐️⭐️⭐️ En aussergewéinlechen an onvergiesslechen Openthalt zu Shangri-La
Eisen Openthalt am MuKa Pastoral Hotel war vun Ufank bis Enn exzellent an definitiv ee vun den absoluten Highlights vun eiser Rees.
De ganze Site vum Hotel ass immens grouss a wonnerschéin ugeluecht. Et ginn iwwerall Déieren, an d’Landschaft ronderëm den Hotel ass einfach traumhaft. Besonnesch déi atemberaubend Vue op d’Bierger an déi grouss, oppe Landschaft ass eppes ganz Besonnesches a wäert eis nach laang an Erënnerung bleiwen.
Eist Zëmmer war ganz grouss, komfortabel a virun allem immens propper. Och vum Iesse ware mir absolut begeeschtert. De Kaffi moies ass hervorragend – souwuel déi westlech Saache wéi och, a virun allem, de chinesesche Kaffi waren immens lecker.
Och owes kann een hei ganz gutt iessen. Eist perséinlecht Highlight war de Yak Hot Pot – ee vun de beschten Hot Pots, déi mir jeemools giess hunn! D’Fleesch war immens zaart an dat ganzt Iesse war wierklech lecker a qualitativ héichwäerteg.
Och den Nomëttegstéi war ganz gutt an eng wonnerschéi Geleeënheet, fir déi speziell Atmosphär an déi fantastesch Vue vum Hotel a Rou ze genéissen.
En anert absolutt Highlight war eisen Ausfluch reiden. Den Hotel huet alles fir eis organiséiert an eis souguer bis bei de Reitstall gefouert. Den Ausritt duerch dës onheemlech schéin Landschaft war fir eis en absolut onvergiesslecht Erliefnis a gehéiert definitiv zu deene schéinsten Erënnerunge vun eisem Openthalt zu Shangri-La.
Mir hunn och e Fotoshooting direkt beim Hotel gemaach, an och dat war absolut top. Alles war ganz gutt organiséiert, an d’Fotoe sinn eng wonnerschéin Erënnerung un eisen Openthalt an un dës aussergewéinlech Plaz.
Och wann den Hotel wonnerschéin roueg an an der Natur läit, kann een ganz einfach direkt vum Hotel aus en DiDi bestellen, fir zum Beispill an d’Alstad vu Shangri-La ze fueren. Och de Retour an den Hotel war komplett onkomplizéiert. Esou huet een déi perfekt Kombinatioun aus Rou an Natur a kann trotzdeem ganz einfach an d’Stad fueren.
Wat dësen Hotel awer ganz besonnesch mécht, ass d’Personal. All d’Mataarbechter waren immens opmierksam, häerzlech, frëndlech an hëllefsbereet. Egal wat mir gebraucht hunn oder wat organiséiert huet misse ginn: Alles huet perfekt geklappt. Et mierkt een, datt hei wierklech vill Wäert drop geluecht gëtt, de Gäscht en aussergewéinlech schéinen Openthalt ze bidden.
Mir hunn eis hei rundum wuelgefillt a géifen zu all Moment erëmkommen. En aussergewéinlechen Hotel, eng atemberaubend Ëmgéigend, exzellent Iessen an e fantastescht Team.
Eng absolut Recommandatioun an en Openthalt, dee mir ni vergiesse wäerten. ❤️
⸻
⭐️⭐️⭐️⭐️⭐️ Ein außergewöhnlicher und unvergesslicher Aufenthalt in Shangri-La
Unser Aufenthalt im MuKa Pastoral Hotel war von Anfang bis Ende exzellent und definitiv eines der absoluten Highlights unserer Reise.
Das gesamte Gelände des Hotels ist riesig und wunderschön angelegt. Überall gibt es Tiere, und die Landschaft rund um das Hotel ist einfach traumhaft. Besonders die atemberaubenden Aussichten auf die Berge und die weite Landschaft sind etwas ganz Besonderes und werden uns noch lange in Erinnerung bleiben.
Unser Zimmer war sehr großzügig, komfortabel und vor allem sehr sauber. Auch kulinarisch waren wir absolut begeistert. Das Frühstück ist hervorragend – sowohl die westlichen Gerichte als auch insbesondere das chinesische Frühstück waren unglaublich lecker.
Auch zum Abendessen kann man hier hervorragend essen. Unser persönliches Highlight war der Yak Hot Pot – einer der besten Hot Pots, die wir je gegessen haben! Das Fleisch war unglaublich zart und das gesamte Essen sehr lecker und hochwertig.
Auch der Nachmittagstee war sehr gut und eine wunderschöne Gelegenheit, die besondere Atmosphäre und die fantastische Aussicht des Hotels in Ruhe zu genießen.
Ein weiteres absolutes Highlight war unser Ausflug zum Reiten. Das Hotel hat alles für uns organisiert und uns sogar zum Reitstall gefahren. Der anschließende Aus